Dernière modification : 20 juin 2019 à 13:35

​​Am Ställchen beim Mandy


 

Léif Awunnerinnen, Léif Awunner vun der Gemeng Bech,

 

Ech sinn houfreg Iech matzedeelen, dass den Café de l’Ecurie seng Dieren nees opgemaach huet, ënnert dem neie Numm „Am Ställchen beim Mandy“, an dass ech Iech all do begréissen kann.

 

Ech hunn als Kand mat 5 Joer reiden geleiert um Kuebebur an war ganz traureg ze gesinn, dass do alles zou war wéi mäi Päerd am Februar 2019 heihi geplënnert ass. Gesot, gemaach! Ech hunn de 16te Februar 2019 decidéiert all néideg Pabeieren unzefroen an de Café um Kuebebur nees opzeman. An sait 16te Mee sinn d’Dieren nees op.

 

Iech erwaart ee flotte Kader, eng super schéin Terrasse an der Oase vum Kuebebur. Zu dem Standard Kaméidi gehéiert hei d’Klappere vun de Päerdshouff an Zwitscheren vun de Villercher. Et ass déi perfekt Plaz fir een rouegen an relaxen oder wie di jonk Léit ënner eis soen „chillen“ Moment ze verbréngen.

 

Op eiser Gedrénkskaart fann Dir déi ganz normal Béiere vum Faass wéi Battin Gambrinus oder Bofferding. Mir hunn och ganz speziell Béieren, wéi een IPA (Indian Pale Ale) an aner flott Béieren aus klengen auslännesche Brauereien, sou wéi déi ganz Gamme vu besonnesche Battin’s Béieren. Op eisem Menü si Kniddelen, esou wéi Stäerzelen oder Gromperekichelcher oder och mol ee Risotto an Zoppe vertrueden. All eis Produiten si frësch bestallt oder deelweis och selwer gepléckt a ganz frësch zoubereet. Et ass alles vegetaresch opgebaut a jidderee sollt hei eppes fir de klengen oder groussen Honger fannen.

 

Mir organiséieren och verschidden Events wéi z.B. ee Sunday Brunch, ee Quizowend, een After Work an ganz vill anerer.

 

Kommt bei mech laanscht a fannt de Ställchen och op Facebook, da sidd Dir ëmmer Up To Date wat bei mir am Café esou lass ass.

 

Ech freeë mech Iech hei um Kuebebur ze begréissen. Ech sinn all Dag fir Iech do, vu Méindes bis Freides vun 11h30 bis 14h (fir een leckeren Dagesmenü) an vun 16h bis 23h. De Weekend ass duerchgeeënd op vun 11h30 un bis 23h, Freides an Samschdes och mol bis 1h00.

 

Léif Gréiss,

Mandy Bettendorf

 

Am Ställche beim Mandy

1, Walerwee

L-6225 Kuebebur

Tel.: 621 495503

Non
Non